Hëllef fir d’Promo-Coden anzeléisen

1

  • Gitt an den App “iBooks”. Falls deen App net do ass, muss deen fir d’éischt gratis erofgeluede ginn.

2

  • Wielt am iBooks Store eng Kategorie, z.B. Featured (FR: Sélection, DE: Highlights)
  • Scrollt ganz erof bis Dir e Knäppchen “Redeem” gesitt (FR: Utiliser un Code, DE: Einlösen)

3

  • Eventuell muss Dir Iech nach mat Ärer Apple-ID aloggen
  • Wielt beim “Redeem” (FR: Utiliser un Code, DE: Einlösen), “You can also enter your code manually” (FR: “Saisir votre code manuellement”, DE: “Code manuell eingeben”)

4

  • Tippt dann ee vun deenen 2 Coden an, déi uewen agerummt sinn. Passt op ähnlech Buschtawen oder Zifferen op (B an 8, O an 0, Z an 2 etc.)
  • Den Download gëtt gestart. Dat kann e bëssen daueren well vill Lidder, Filmer a graphesch Elementer dra sinn (zirka 100 MB pro Zinglibook).

Hei ass eng Video dozou, wéi een de Code aléise kann

Wéi kréien ech den iPad/iPhone op de Projekter oder op de groussen Ecran?

iPhone & iPad

Am Klassesall kënnt Dir den iPhone oder iPad am Beschten mat engem HDMI-Kabel un de Projekter uschléissen. Hei ass de Link fir den Adapter ze kafen. Dir kritt den Adapter awer och bei Lineheart oder Computer Home ze kafen. Kuckt awer fir d’éischt am Klassesall no, ob de Projekter oder Ecran iwwerhapt en HDMI Agang huet. Et ginn och Adapteren fir VGA oder en zousätzlechen Adapter vun HDMI op DVI. Frot soss den Techniker an der Schoul.

Mac

Den iBooks gët et als App och gratis fir Mac. An deem Fall einfach Äre Macbook mathuelen an deen uschléissen.

Wéi kann ech eng Säit erausprinten?

Maacht fir d’Éischt e Screenshot (capture d’écran) an deems Dir den Home-Button an de Power-Schalter gläichzäiteg dréckt.
Ënnen lénks taucht d’Foto dann op. Klickt dann op déi Foto.

Duerno:

  1. Klickt op dat Symbol fir ze exportéieren
  2. Et ginn eng ganz Rei Optiounen fir d’Foto ze exportéieren. Z.B. per Email schécken, am iCloud deelen oder eben ze printen.
  3. Wielt de richtege Printer eraus, gitt d’Unzuel vun de Kopien un, aner Optiounen si fir et recto/verso a faarweg ze printen. Dréckt dann uewe riets op “Drucken / Print / Imprimer”.

Remarquen:

  • Et ka sinn dass de Printer an der Schoul net den AirPrint-Protokoll ënnerstëtzt. An deem Fall muss een de Screenshot per E-Mail verschécken an dann vun engem PC oder Mac aus erausprinten.
  • Dir kënnt och méi Screenshots beieneen maachen an déi dann all zesumme printen.

Ech hunn en Android Tablet, geet dat och?

Jo dat geet och, hei ass de link fir d’Zinglibooks am Google Play ze kafen an erofzelueden. D’Zinglibooks um Android sinn als App disponibel (a net als eBook) well et de Moment kee passenden eBook-Reader gëtt, dee mat audiovisuell Elementer am oppenen EPUB3-Standard 100% eens gëtt. Trotz allem ginn um Android an der Karaoke-Versioun d’Wierder beim Ofspillen leider net faarweg markéiert.