
1. Wie mécht den Zinglabumm?
En Team vun 8 passionnéierten Enseignanten an Educateuren (kuck och ënnert „D’Zinglabumm_Team“).
2. Wat ass den Zinglabumm?
Eng Sammlung vu Lidder fir mat ze sangen an drop ze danzen, vu Spréchelcher a Gedichter, vu flotte
Filmercher a lëschtege Spiller, déi engem op eng spilleresch Manéier d’Welt ronderëm méi no bréngt.
3. Woufir suergt den Zinglabumm nach?
Ganz niewebäi suergt den Zinglabumm och fir d’Fleeg an den Erhalt vu wäertvolle musikaleschen an
textleche Kulturgidder
4. Vu wiem sinn déi flott Zeechnungen am Zinglabumm?
D’Zinglabumm-Zeechnunge si vum Alain Brizzi, engem jonke Kënschtler an Zeechner hei vir aus Frankräich.
5. Wéivill Zinglabumme gëtt et?
Et gëtt der mëttlerweil 6.
6. Wouraus besteet en Zinglabumm?
Aus engem faarweg illustréierte Buch, enger Audio CD an enger CD-Rom.
7. Wou kritt een den Zinglabumm?
An all gudde Bicher- a Plakkebuttek.
8. Wat ass den Zinglabumm Kannerchouer?
Den Zinglabumm Kannerchouer ass eng lëschteg Band vu Jongen a Meedercher, déi fir hiert Liewe gäre sangen, an déi fir de richtege Sound beim leschten Zinglabumm-Band gesuergt hunn. Si gi vum Suzette Thomé-Schneider dirigéiert. Fir 2008 ass eng Audio-CD mam Zing-Chour geplangt. Wann Dir op „Bonus“ klickt, héiert a gesitt Dir en.
9) Wat ass den „Zing-Plus?
Ënnert der Rubrik „Zing-Plus“ fannt Dir zousätzlech Informatiounen, déi mer beim beschte Wëllen net an den Zinglabumm 6 erakruten. E Service, deen Iech et erlaabt e.a. nach 3 Strophe vum „Hämmelsmarsch“ matzesangen oder méi iwwert de Brauch vu Léiffrawëschdag an eng Lëscht vu Kraider a Friichten, déi nach an de Wësch passen, gewuer ze ginn.
10) Wéi geet et weider mam Zinglabumm?
Mä mir schaffe schon un engem Nofolger a wäerten Iech hei op dëser Plaz regelméisseg iwwer de Fortgank informéieren. Dofir: luusst vun Zäit zu Zäit bei eis eran!
No engem Playback sichen:
Fir e Lidd ze siche gëllen déiselwecht Regele wéi um Internet: keng Pinktelcher a keng schiif Strécher!
Zoumaachen!